Aktualiséiert den
Bloe Mäerz: "Den Test maachen, heescht all d'Chancen op senger Säit hunn"
Am Kader vum "Bloe Mäerz", e Mount am Zeeche vun der Preventioun an der Fréierkennung vun Daarmkriibs, erneiert de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet seng Campagne "Daarmkriibs – Den Test maachen, heescht all d'Chancen op senger Säit ze hunn". Mat dëser Initiativ soll d'Bevëlkerung iwwert d'Wichtegkeet vun der Daarmkriibs-Fréierkennung sensibiliséiert ginn. Daarmkriibs mécht ongeféier 10 % vun alle Kriibsaarten aus, an ass, laut dem WHO, déi drëttheefegst an zweet déidlechst Kriibsaart weltwäit [1].
Säit dem Lancement, am Joer 2021, vum organiséierte Fréierkennungsprogramm fir Daarmkriibs (PDOCCR), goufen 302.164 Invitatioune verschéckt a 74.798 Depistage-Tester realiséiert. Dat entsprécht engem Bedeelegungstaux vu manner wéi 28%, also ënnert der europäescher Moyenne vu 36%. Als Verglach: laut dem Digestive Cancers Europe (DCE), variéiert d'Participatioun ënnerhalb vun Europa staark. A Finnland läit se bei 77%, géintiwwer 8% an Ungarn. Zil vu Lëtzebuerg ass et, dësen Taux ze verbesseren. Wann Daarmkriibs fréizäiteg erkannt gëtt, ass en an 9 vun 10 Fäll heelbar.
Rappel: Wéi leeft de Fréierkennungsprogramm of
De Programm ass u Fraen a Männer tëscht 45 a 74 Joer geriicht, déi bei der CNS affiliéiert sinn. Persounen, déi eng Invitatioun kritt hunn, kënne mat hirem Bréif an eng Apdikt oder en Zentrum vum Bionext Laboratoire goen, wou si dann e gratis Depistage-Kit kréien. Et ass och méiglech de Kit online iwwert de Guichet.lu (guichet.lu/depistage-colorectal-fr) oder per Telefon bei Bionext, um (+352) 27 321 888 ze bestellen. De Kit gëtt per Post zougestallt. Persounen, déi schonn um Programm deelgeholl hunn, kréien automatesch mat hirer Invitatioun en neien Depistage-Kit geschéckt, ouni Virbestellung.
D'Kitten, déi de FIT-Test (Fecal Immunochemical Test) enthalen, sinn esou konzipéiert, dass se hygieenesch an einfach ze benotze sinn. Se sinn op franséisch, däitsch, lëtzebuergesch, portugisesch an englesch disponibel.
Wann een den Test doheem bis gemaach huet, kann een e per Post zeréckschécken oder an engem Bionext Labo ofginn. D'Resultat gëtt dann direkt vum Laboratoire matgedeelt.
Persounen, déi net zu Lëtzebuerg wunnen a bei der CNS affiliéiert sinn, kënnen och un dësem Programm deelhuelen. Dofir kënne si sech un de Centre de coordination des programmes de dépistage des cancers, um (+352) 247-75550 oder per E-Mail op colorectal@ms.etat.lu wenden.
Am Kader vun der Campagne "Den Test maachen, heescht all d'Chancen op senger Säit hunn", sinn eng Rei Sensibiliséierungsaktioune geplangt, dorënner och e Video-Tutorial fir de Public beim Duerchféiere vum FIT-Test ze begleeden.
Preventioun vun Daarmkriibs: bescht Praktiken
Fir preventiv géint Daarmkriibs virzegoe gi follgend Recommandatioune gemaach:
- Tubak vermeiden, also net fëmmen
- Fir eng ausgeglachen Ernärung suergen, déi räich u Ballaststoffer ass
- De Konsum vu roudem Fleesch a veraarbechtem Fleesch aschränken
- E gesond Gewiicht halen an Iwwergewiicht a Fettleibegkeet vermeiden
- Alkoholkonsum vermeiden
- Reegelméisseg sportlech aktiv sinn
[1] Den Daarmkriibs um Site vun der Weltgesondheetsorganisatioun
Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet