Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 383 Resultater
  1. De Wocheréckbléck bitt en Iwwerbléck iwwert d'Entwécklung vun den akuten Infektioune vun den Otemweeër, dorënner COVID-19, d'Gripp (Influenza-Virus) an de Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus).

  2. De Weltdag vun der Fettleibegkeet ass all Joer de 4. Mäerz. An dësem Kontext wëll de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet d'Initiativen a konkreet Aktioune vun de verschiddenen Acteuren zu Lëtzebuerg ervirhiewen, déi sech aktiv am Kampf géint d'Fettleibegkeet engagéieren. Gläichzäiteg sollen déi betraffe Persounen, déi Ënnerstëtzung brauchen, drun erënnert ginn, dass si net eleng sinn.

  3. Am Kader vum Internationale Sensibiliséierungsdag géint den "human papilloma virus" (HPV), lancéiert d'Gesondheetsdirektioun eng landeswäit Ëmfro fir den Impftaux géint de Papillomavirus bei Jugendlecher tëscht 9 an 20 Joer ze bewäerten.

  4. De Mount Mäerz, och nach de "bloe Mäerz" genannt, steet am Zeeche vun der Preventioun an der Fréierkennung vun Daarmkriibs All Joers ginn an Europa ongeféier 220.000 Persounen diagnostizéiert, eng Zuel, déi ëmmer weider zouhëlt. Zu Lëtzebuerg ass Daarmkriibs déi zweetheefegst Doudesursaach duerch Kriibs, mee wann en awer fréi erkannt gëtt, ass en an 9 vun 10 Fäll heelbar. Dohier spillt den Depistage eng wichteg Roll.

  5. Den 29. Februar ass de 17. Internationalen Dag vun de rare Krankheeten (Rare Disease Day). En Dag, deen der Sensibiliséierung vun der breeder Ëffentlechkeet iwwer rar Krankheeten an hiren Impakt op d'Liewe vun de Betraffene gëllt.

  6. "Entgéint der allgemenger Virstellung, ass Kriibs net zwéngend fatal. Et ass wichteg, dass ee sech bewosst ass wat déi wëssenschaftlech nogewise Risikofacteure sinn an dass een zesummen e méi gesonden an equilibréierte Liewensstil ustrieft, fir sech esou am Alldag dëse Risike manner auszesetzen", ënnersträicht d'Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet.

  1. 1
  2. 2
  3. 3
  4. 4
  5. 5
  6. ...
  7. Lescht Säit