Aktualiséiert den
"Schwätz mat!" Ëmfaassend Consultatioun iwwert de Pensiounssystem
Consultatiounsprozess iwwer déi nohalteg Ofsécherung vun eisem Pensiounssystem
Wärend der Pressekonferenz vum 4. Oktober 2024, huet d'Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet, de Consultatiounsprozess iwwer déi nohalteg Ofsécherung vun eisem Pensiounssystem virgestallt.
Esou wéi et am Koalitiounsaccord festgehale gouf, ass eng breet Consultatioun mat der Zivilgesellschaft organiséiert ginn, fir op dësem Sujet op ee Konsens ze kommen. De leschten technesche Bilan vum Pensiounssystem vum 26. Abrëll 2022 hat effektiv gewisen, datt den aktuelle Cotisatiounstaux vu 24% (3 x 8%) ab 2027 net méi wäert duergoe fir déi järlech Pensiounsleeschtungen ze decken. Dofir ass et néideg iwwert den Zoustand vum System ze diskutéieren, an all déi concernéiert Acteure grad esou wéi d'Ëffentlechkeet zu méiglechen Upassungsmoossnamen ze consultéieren.