« Schwätz mat ! » Ännerunge vum Pensiounsregimm ab 2026

Ännerunge vum Pensiounsregimm ab 2026

Den 1.  Januar 2026 trieden d‘Ännerunge vum Pensiounsregimm a Kraaft. Wat ännert sech?

D’Chamber huet den 18. Dezember 2025 de Gesetzesprojet zur Upassung vu bestëmmte Pensiounsregele gestëmmt.

Dës Upassunge sollen d’finanziell Nohaltegkeet vum System stäerken, gläichzäiteg awer de gesetzleche Pensiounsalter vu 65 Joer bäibehalen. Si sollen et erméiglechen, d’Finanze vum allgemenge Pensiounssystem bis 2042 ze stabiliséieren an d’Reserve bis zum Horizont 2050 ofzesécheren.

D’Mesurë baséieren op zwou Haaptachsen:

  • déi progressiv Upassung vum tatsächleche Pensiounsalter, dat aktuell bei ronn 60 Joer läit, un de gesetzleche Pensiounsalter vu 65 Joer;

  • d’Erhéijung vum Kotisatiounstaux vun 24 % op 25,5 %.

D'Upassungen : 

E Factsheet iwwert d'Ännerungen