Feierlech Iwwerreechung vum Nationale Literaturpräis 2021

Den 8. Dezember 2021 gouf am Centre national de littérature zu Miersch de nationale Literaturpräis 2021 a Presenz vun de Laureaten/innen iwwerreecht. D'Kulturministesch Sam Tanson gouf vum Josée Hansen vun der Unitéit fir Literatur an Editiounswiese vum Kulturministère vertrueden.

Och wann d'Schreiwen eng Tätegkeet ass, déi een eleng mécht, sou ass Literatur awer eppes, wat vum Austausch lieft. Dësen Owend war, trotz der Komplexitéit vu sou enger Organisatioun an Zäite vun enger Pandemie, eng Geleeënheet dësen Austausch tëscht Lieser/in an Auteur/trice ze feieren.

D'Gewënner/inne vum nationale Literaturpräis 2021 ënnert dem Thema Kanner- a Jugendliteratur sinn:

  • Verdruddelt Geschichten vum Marc Weydert an Marie-Isabelle Callier, éischte Präis an der Kategorie "Kannerliteratur" (Lieserschaft bis 12 Joer), "erwuessen Autoren/tricen";
  • Wasser gegen Sturm - Die Kräfte der vier Elemente vum Lena Differding, éischte Präis an der Kategorie "Kannerliteratur" (Lieserschaft bis 12 Joer), "Jonk Autoren/tricen" (12-19 Joer);
  • Dëst ass net däi Liewen von Claudine Muno, éischte Präis an der Kategorie "Jugendliteratur" (Lieserschaft ab 13 Joer), "erwuessen Autoren/tricen";
  • Die Bibliothek der gescheiterten Schriftsteller vum Eline Klaassen, éischte Präis an der Kategorie "Jugendliteratur" (Lieserschaft ab 13 Joer), "Jonk Autoren/tricen" (12-19 Joer).

Am Jury waren de Claude Kremer (Präsident), d'Anne-Marie Antony, de Romain Sahr, d'Tamara Sondag an de Jeff Thill.

Säit 1978 organiséiert de Kulturministère all Joer e Literaturconcours, mam Zil, d'literarescht Schafen am Grand-Duché ze fërderen. All Joer gëtt de Präis an engem anere literaresche Genre ausgezeechent. D'Editioun 2021 war der Kanner- a Jugendliteratur dediéiert.

D'Lëscht vun de Laureaten/innen vun alle vergaangen Editioune fannt Dir ënnert folgendem Link: https://www.autorenlexikon.lu/page/award/014/14/FRE/index.html.

Regierungsmember

TANSON Sam

Organisatioun

Kulturministère

Event Datum

08.12.2021