Aktualiséiert den
Weltdag vun der Organspend: de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet erënnert un d'Wichtegkeet vun der Organspend
Am Kader vum Weltdag vun der Organspend, de 17. Oktober, wëll de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet d'Ëffentlechkeet un d'Bedeitung vun dësem liewenswichtegen a solidaresche Geste erënneren. D'Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet betount: "Organspenden ass e wichtige solidaresche Geste. Mat der Aféierung vum Dossier de soins partagé (DSP), ass et ëmsou méi wichteg säi Wëlle kloer ze äusseren."
Wéi all Joers organiséiert Luxembourg Transplant, déi offiziell Instanz fir d'Gestioun vun den Donen an Transplantatiounen, hiren traditionelle Spinning-Marathon:
- Wéini? Den 12. Oktober 2025
- Wou? An der LuxExpo The Box, Hall 7 (Entrée sud), 10 circuit de la Foire internationale, L-1347 Lëtzbuerg-Kirchbierg
- Um wéivill Auer? Vun 10.00 bis 18.30 Auer
Dësen Event mobiliséiert all Joers iwwer dausend Participanten an Donateuren.
Organspenden: E Geste dee Liewe rett
Bei bestëmmte schwéieren Erkrankungen ass eng Transplantatioun déi eenzeg méiglech Behandlung fir d'Liewe vun engem Patient ze retten. An anere Fäll ka se d'Liewensqualitéit däitlech verbesseren.
2024 goufen zu Lëtzebuerg 7 Organspender registréiert – eng stabel Zuel am Verglach zu 2023. Duerch dës Done konnten 22 Organer iwwer den europäesche Reseau Eurotransplant transplantéiert ginn. Am Laf vum selwechte Joer waren 104 Patienten op enger nationaler Waardelëscht fir eng Organtransplantatioun an engem Zenter am Ausland ageschriwwen (e Plus vu 17 Persounen am Verglach zu 2023). 48 nei Patiente koumen am Laf vum Joer op d'Waardelëscht bäi an 2 Patiente goufe gestrach. 36 Lëtzebuerger Residenten kruten eng Transplantatioun an engem vun de Partnerzentren am Ausland.
Awëllegungserklärung iwwert den Dossier de soins partagés (DSP)
Mam Dossier de soins partagés (DSP) kann all Bierger kloer deklaréieren op hien enger Organspend zoustëmmt oder net. Bei der éischter Connexioun kann de Notzer festleeën op hien domadder averstanen ass oder net datt seng Organer am Stierffall kënne prelevéiert ginn. Dës Informatioun ass eng offiziell Deklaratioun a gëtt virun all Interventioun vun engem Dokter iwwerpréift. Ier Organer prelevéiert ginn iwwerpréift den Dokter ëmmer de Wëlle vun der verstuerwener Persoun: hie consultéiert den DSP, a falls dësen net existéiert oder zou ass, went hie sech un déi designéiert Vertrauenspersoun.
Dat geännert Gesetz vum 25. November 1982 iwwert Organer déi fir d'Transplantatioun bestëmmt sinn, leet fest, datt all Persoun déi sech net kloer géint eng Organspend ausgeschwat huet, als potentielle Spender gëllt.
Weider Informatiounen op:
- www.luxtransplant.lu
- Kontakt Luxembourg Transplant (+352) 621 156 889 ; luxtransplant@gmail.com
- Weider Informatiounen iwwert den DSP
- Weider Informatiounen iwwer d'Deklaratioun zur Organspend am DSP
Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet