Aktualiséiert den
Weltdag vum Hiereschlag 2025 – All Minutt zielt fir Liewen ze retten
Am Kader vum Weltdag vum Hiereschlag (AVC), deen den 29. Oktober stattfënnt, erënnert de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet zesumme mat Blëtz ASBL doru wéi wichteg Preventioun a séiert Handele bei dëser liewensbedrolecher Urgence sinn.
All Dag maache véier Persounen zu Lëtzebuerg en Hiereschlag, an et sinn net nëmmen eeler Persoune betraff. Dës Zuele weisen nach eemol wéi wichteg et ass permanent opmierksam ze sinn an d'Warnzeeche besser ze kennen.
Den Hiereschlag, e medezineschen Noutfall dee Reaktivitéit verlaangt
En AVC oder Hiereschlag trëtt op wann e Bluttgefääss am Gehier platzt oder duerch e Bluttgerinnsel verstoppt gëtt, wouduerch d'Bluttversuergung vun engem Deel vum Gehier ënnerbrach gëtt. Dës Ënnerbriechung vun der Sauerstoffzoufuer ka schnell zu Gehierschied féieren. D'Symptomer triede plëtzlech op a mussen direkt eescht geholl ginn: Verwirrung, Schwieregkeete beim Schwätzen oder Verstoen, Schwindel, Schwächt oder Lämung op enger Kierperhallschent oder engem Kierperdeel.
Am Zweiwelsfall gëllt ëmmer direkt den 112 uruffen. All Minutt zielt, a wat méi séier gehandelt gëtt, wat d'Iwwerliewenschancë méi grouss an déi méiglech Schied méi kleng sinn. De sougenannte "FAST"-Reflex hëlleft d'Haaptzeeche vun engem Hiereschlag séier ze erkennen:
- F - Face: Hänkt en Deel vum Gesiicht no ënnen?
- A - Arm: Kritt d'Persoun een Aarm net richteg an d'Luucht?
- S - Speech: Huet d'Persoun Schwieregkeete beim schwätzen oder artikuléieren?
- T - Time: All Minutt zielt, rufft direkt den 112 un.
Preventioun am Alldag
Duerch einfach Moossname kënne vill Hiereschléi evitéiert ginn: reegelméisseg de Bluttdrock kontrolléieren, reegelméisseg d'Bluttwäerter iwwerpréiwe loossen, net fëmmen, sech ausgeglach a gesond ernären, vill Uebst a Geméis iessen, Salz an Alkohol reduzéieren a vermeiden, kierperlech aktiv sinn, Stress vermeiden an op gesonde Schlof oppassen.
Konkreet Sensibiliséierungscampagnen
Blëtz ASBL, d'Lëtzebuerger Associatioun fir Betraffener vun engem Hiereschlag, plangt an organiséiert eng Rei Sensibiliséierungsaktioune mat der Ënnerstëtzung vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet:
- Konferenz "Migraine et AVC", den 19. Oktober um 16:00 Auer am Beetebuerger Schlass mat der Dr Monique Reiff;
- A verschidde Spideeler gi gratis Méiglechkeeten ugebueden, fir de Bluttdrock ze moossen: den 28. Oktober am Centre hospitalier du Nord, den 29. Oktober am Centre hospitalier Emile Mayrisch, am 30. Oktober an den Hôpitaux Robert Schuman, an den 31. Oktober am Centre hospitalier du Luxembourg;
- Infostand am Rehazenter den 23. Oktober;
- Gratis Bluttdrockmiessungen an 92 Apdikte vum 22. bis den 31. Oktober;
- Solidaresch Verkaf vun Eclairen an 90 Bäckereie vum 22. bis den 30 Oktober, woubäi en Deel vun de Gewënner un d'Blëtz ASBL gespent gëtt. D'Lëscht vun den deelhuelende Bäckereien an Apdikten ass op bletz.lu ze fannen.
Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet