Organisatioun vun der Gard vun den Urgencen am Zentrum iwwert d'Feierdeeg

Owes, nuets, weekends a wärend de Feierdeeg proposéieren den Hôpital Kirchberg an de Centre hospitalier de Luxembourg d'ganz Joer iwwer op Basis vun engem Rotatiounsplanning d'Garde vun den Urgencen am Zentrum.

Wärend de Feierdeeg vum Enn vum Joer, ass d'Organisatioun vun de Garden ausnamsweis ugepasst ginn:

  • Mëttwoch, 24. Dezember 2025:
    • Daagsiwwer bis 15:00 Auer (anstatt 17:00 Auer) – Centre hospitalier de Luxembourg
    • Vu 15:00 Auer un (anstatt 17:00 Auer) – Hôpital Kirchberg
  • Donneschdeg, 25. Dezember 2025: Centre hospitalier de Luxembourg
  • Freideg, 26. Dezember 2025:
    • Daagsiwwer bis 17:00 Auer – Centre hospitalier de Luxembourg
    • Vu 17:00 Auer un – Hôpital Kirchberg
  • 27. an 28. Dezember 2025: Hôpital Kirchberg
  • Mëttwoch, 31. Dezember:
    • Daagsiwwer bis 15:00 Auer (anstatt 17:00 Auer) – Hôpital Kirchberg
    • Vu 15:00 Auer un (anstatt 17:00 Auer) – Centre Hospitalier de Luxembourg
  • Donneschdeg, 1. Januar 2026: Hôpital Kirchberg

Ofgesi vun dësen Upassungen, bleift déi üblech Rotatioun vun den Urgence-Garden tëscht dem Stater Centre hospitalier an dem Hôpital Kirchberg onverännert. Detailer heizou fannt Dir um Site santesecu.lu an der Rubrik "Services d'urgence des hôpitaux de garde".

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet