Aktualiséiert den
Mammographie Programm
De Mammographie Programm ass den nationale Broschtkriibs-Screening-Programm zu Lëtzebuerg.
Dëse Programm riicht sech u Fraen tëscht 45 a 74 Joer a recommandéiert all 2 Joer eng Mammographie zur Fréierkennung vu Broschtkriibs duerchféieren ze loossen. Am Kader vun dësem Programm ass d'Mammographie gratis.
Nëmmen duerch e Mammographie-Screening ka Broschtkriibs fréizäiteg erkannt ginn.