Aktualiséiert den
Hëtztwarnung – Vigilance orange fir muer, 1. Juli 2025: Verhalensreegelen
Wéinst der Hëtztwarnung (Vigilance orange), déi MeteoLux fir dat ganzt Land fir den 1. Juli erausginn huet, koum d'CERI (Cellule d'évaluation du risque intempéries) haut fir eng Analys vun der Situatioun zesummen. Dat, well haut, vun 12:00 bis 21:00 Auer tëscht 32 a 35 Grad erwaart ginn, a fir muer, Mëttwoch, iwwer 35 Grad ugekënnegt sinn.
D'CERI erënnert un déi méiglech Konsequenze fir d'Gesondheet an un d'Verhalensreegele fir d'Hëtzt besser ze verdroen.
Méiglech Konsequenzen:
- Méiglech gesondheetlech Problemer, haaptsächlech fir eeler Persounen, kleng Kanner, Persoune mat chronesche Krankheeten oder mentale Problemer, Persounen, déi bestëmmt Medikamenter huele mussen, an isoléiert Persounen.
- Deshydratatioun oder Hëtzschlag (Symptomer: Féiwer iwwer 40° C, waarm, rout an dréchen Haut, Kappwéi, Schwindel, Schléiferegkeet, extremen Duuscht, Verwirrung, Krämp, Bewosstlosegkeet).
Nëtzlech Verhalensreegelen:
- Drénkt vill a reegelméisseg Waasser iwwert de ganzen Dag verdeelt (1,5 l Waasser pro Dag).
- Vermeit et Iech dobaussen opzehalen (längeren an direkten Openthalt an der Sonn) wärend de wäermsten Auerzäiten (11:00 bis 21:00).
- Maacht daagsiwwer d'Rolllueden, Riddoen a Fënsteren zou a lëft an der Nuecht.
- Bedeckt Äre Kapp wann Dir erausgitt.
- Ditt liicht Kleeder un.
- Limitéiert physesch Aktivitéiten.
- Bleift mat sensibelen a vulnerabele Persounen an Ärem Ëmfeld a Kontakt. Begleet si op kill Plazen.
D'CERI kënnt den 1. Juli am spéide Moien nach eemol fir e Suivi vun der Situatioun zesummen, an informéiert deen Ament d'Ëffentlechkeet vun de weideren Entwécklungen.
Weider Informatiounen: www.infocrise.lu
Communiqué vum Héije Kommissariat fir national Sécherheet / Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet / Inneministère / Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend / Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil / Aarbechtsministère / Aarbechtsinspektioun / MeteoLux / Groussherzogleche Feier- a Rettungscorps (CGDIS)