Europäesch Woch vum Depistage – European Testing Week: looss dech testen, schütz dech, a schütz déi aner!

Vum 17. bis de 24. November 2025, hëlt Lëtzebuerg un der Europäescher Woch vum Depistage deel. Dës Initiativ rifft dozou op sech op verschidde sexuell iwwerdrobar Infektiounen (IST), op HIV an op viral Hepatitten testen ze loossen. Obschonns se vermeidbar sinn, stellen dës Infektiounen nämlech weiderhin eng grouss Erausfuerderung fir déi ëffentlech Gesondheet an Europa duer.

Laut dem Centre européen de prévention et de contrôle des maladies (ECDC), klamme bestëmmten ISTen weider, besonnesch Gonorrhoe a Syphilis [1]. National Donnéeë[2] bestätegen dësen Trend och zu Lëtzebuerg, mat enger Erhéijung vu 14% vun de Fäll vu Gonorrhoe a vu 35% vun de Fäll vu Syphilis am Verglach zu 2023. Betraff sinn haaptsächlech Männer (78% fir Gonorrhoe a 77% fir Syphilis) am Alter tëscht 20 an 39 Joer. D'Zuele vun der Chlamydiose si relativ stabel, mee betreffen ëmmer méi jonk Fraen tëscht 20 a 24 Joer. D'Zuele vun neien HIV-Infektioune sinn iwwerdeems am Joer 2024 ëm 29% erofgaangen. Dës Zuelen erënneren dru wéi wichteg den Depistage fir d'Fréierkennung, ma och fir d'Preventioun an déi fréizäiteg Behandlung vun enger Infektioun sinn. Domat schützt een nämlech sech an déi aner.

Dëst Joer schléissen d'HIV Berodung vum Lëtzebuerger Roude Kräiz, de Planning familial an de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet sech zesumme fir de Public ze sensibiliséieren an d'Fréierkennung vun ISTen a vum HIV ze promovéieren. Och d'Laboe Ketterthill, Bionext a Laboratoire Réunis huelen un der Initiativ deel, a proposéiere gratis an anonym Tester.

D'Agence nationale pour l'information des jeunes (ANIJ) mécht och bei der Europäescher Woch vum Depistage mat; dat mat verschiddene Sensibiliséierungsaktiounen am Kader vun hirer Campagne "STI Squad: Reboost". D'Aktioun "Jugendinfo on tour" fënnt vum 10. bis den 19. November an der ganzer Stad statt. Am Fokus steet hei d'Sensibiliséierung vun deene Jonke fir d'Wichtegkeet vum Depistage, och duerch d'Verdeele vu Kondomer.

"Den Depistage ass en Akt vu Virsuerg a vu Verantwortung, déi ee géintiwwer sech selwer, senge Partner a sengem nächsten Ëmfeld hëlt. Et ass den effikasste Moyen fir eng Infektioun z'erkennen, déi heiansdo wärend e puer Joer ouni Symptomer verlafe kann an an eisem Kierper irreversibele Schued uriichte kann", betount d'Ministesch Martine Deprez.

Wichteg Preventiounsmoossnamen:

  • E Kondom benotzen;
  • Sech reegelméisseg teste loossen;
  • Säin/seng sexuell Partner am Fall vun enger IST informéieren;
  • Sech duerch eng Impfung géint Hepatite B an de Papillomavirus (HPV) schützen;
  • Seng Behandlunge riguréis anhalen, falls zoutreffend;
  • Sech iwwert preventiv HIV-Behandlungen informéieren, falls néideg.

    Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet

     

    [1] STI cases continue to rise across Europe

    [2] Rapport épidémiologique des maladies transmissibles au Luxembourg – 2024 (op franséisch)