Welt-Aids-Dag

Am Kader vum Welt-Aids-Dag, start de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet eng Campagne ronderëm d'Theema "net detektéierbar = net iwwerdrobar" (op Englesch "Undetectable = Untransmissible"). Eng Persoun, déi mam Virus lieft an eng wierksam Behandlung kritt, kann d'Quantitéit vum Virus, deen zirkuléiert, op engem esou niddregen Niveau halen, dass en net ze detektéieren ass. An där Situatioun iwwerdréit déi betraffe Persoun d'Infektioun net méi (och net wärend der Schwangerschaft, bei der Gebuert, beim Stëllen oder bei ongeschütztem Geschlechtsverkéier). Mat dësem Message sollen d'Virurteeler an d'Stigmatiséierung ronderëm Persoune mat HIV reduzéiert ginn.

Eng Situatioun, déi sech bessert, mee nach ëmmer Opmierksamkeet verlaangt

2024 goufen 39 nei Infektiounen zu Lëtzebuerg diagnostizéiert, géintiwwer 55 am Joer 2023. D'Zuele vun Neiinfektioune geet bei Männer, déi sexuell Bezéiunge mat Männer hunn, zeréck. Déi selwecht Tendenz weist sech bei Konsumente vun Drogen. Bei der heterosexueller Bevëlkerung bleift d'Zuel vun Infektiounen allerdéngs stabel. Si ass haut déi am stäerkste betraffe Grupp.

Am Duerchschnëtt gëtt d'Diagnos haut méi fréi gestallt wéi fréier, wat d'Liewenserwaardung a -qualitéit vun de Betraffene verbessert.

Weltwäit Ziler: fir eng besser Kontroll vun der Epidemie

Déi weltwäit Ziler vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) fir d'Bekämpfung vun AIDS – och oft als "3 Mol 95 %" bezeechent– viséiere Follgendes:

  • 95 % vun de Persounen, déi de Virus hunn, sinn diagnostizéiert,
  • 95 % vun den diagnostizéierte Persoune kréien eng Behandlung,
  • 95 % vun de behandelte Persoune weisen en net detektéierbaren Niveau vum Virus op.

Zu Lëtzebuerg, ass d'Quot vun diagnostizéierte Persoune ganz héich a läit bei geschätzte 96%. Allerdéngs loossen 12 bis 13 % vun de betraffene Persounen sech net oder net richteg behandelen. Dës Constate weise wéi wichteg et ass déi Persoune medezinesch a psychologesch ze betreien, déi Schwieregkeeten hunn hiren Traitement unzefänken oder reegelméisseg duerchzeféieren. De Ministère rifft zu méi Solidaritéit a Versteesdemech op: "Géint d'Stigmatiséierung kämpfen, bedeit déi Betraffen ze encouragéieren sech testen ze loossen, sech behandelen ze loossen an net an Angscht oder Isolatioun ze liewen" betount d'Ministesch Martine Deprez.

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet