Aktualiséiert den
Weltdag ouni Tubak – Resultater vun der nationaler Ëmfro 2025 iwwert de Konsum vun Tubak an Nikotin zu Lëtzebuerg
Am Kader vum Weltdag ouni Tubak den 31. Mee verëffentlecht d'Gesondheetsdirektioun zesumme mat der Fondation Cancer déi neisten Zuele vun der ILRES-Ëmfro iwwer den Tubaks- a Nikotinkonsum zu Lëtzebuerg am Joer 2025.
Alles an allem consomméiert knapp een Drëttel vun der Populatioun iwwer 16 Joer reegelméisseg oder heiansdo Tubak an Nikotin. Nieft der traditioneller Zigarett, ginn nei Nikotin-baséiert Produiten, wéi Vapen oder Nikotin-Säckelcher, ëmmer méi beléift, virun allem bei deene Jonken.
D'Ëmfro weist och, datt déi Jonk ëmmer méi fréi ufänke mat fëmmen, dacks scho virum 18. Gebuertsdag. Am heefegste ginn déi Jonk Stress, Gruppeverhalen an den "Image" als Grond fir d'Fëmmen un. Besonnesch betraff si Jonker tëscht 16 a 24 Joer. An dëser Alterskategorie ass all Zort vu Konsum vertrueden: Zigaretten, Shisha, elektresch Zigarett an Nikotin-Säckelcher. D'Resultater weisen och, datt Nikotin, besonnesch duerch d'Vapen, dacks den Ufank vum Tubakskonsum duerstellt.
Trotz dëser besuergneserreegender Entwécklung bleift de Wonsch, mam Fëmmen opzehalen, grouss: D'Hallschent vun de jonke Fëmmerte wëllt mam Fëmmen ophalen. D’Gesondheet ass dobäi déi heefegst genannte Motivatioun.
Och d'Belaaschtung duerch Passivfëmme bleift am Alldag héich, besonnesch bei jonke Leit. Si gëtt souwuel op verschiddenen ëffentleche Plazen ewéi och bei Manifestatiounen an zouene Raim observéiert.
En neie gesetzleche Kader säit dem 1. Januar 2026
Fir op verschidde vun dësen Entwécklungen ze reagéieren, huet Lëtzebuerg d’Gesetz vum 28. November 2025 ugeholl, dat den 1. Januar 2026 a Kraaft getrueden ass. D'Gesetz leet e maximalen Nikotingehalt vun 0,048 mg pro Eenheet fir Nikotin-Säckelcher an nei nikotinhalteg Produite fest. Ausserdeem ass den Tubakskonsum op Plaze verbueden, déi vu Jonke frequentéiert ginn – ewéi Schoulen oder Spillplazen – souwéi Zousazstoffer, déi als Opputschmëttel gëllen, notamment Koffein, Taurin oder CBD. Produite mat erhëtztem Tubak ginn de Reegele fir klassesch Zigaretten ugeglach. De Verkaf u Mannerjäreger ass strikt verbueden; am Zweiwelsfall muss den Alter kontrolléiert ginn.
Nëtzlech Linken:
Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet a vun der Fondation Cancer.