Aktualiséiert den
Eng nei Etapp fir den Ausbau vun den ambulanter Fleeg zu Lëtzebuerg
D'Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet, Martine Deprez, huet de Gesetzesprojet virgestallt, mat deem de Code de la sécurité sociale an dat ofgeännert Gesetz vum 8. Mäerz 2018 iwwert d'Spidolsstrukturen an d'Spidolsplanung solle geännert ginn.
D'Zil vun dësem Gesetzesentworf ass et, de Koalitiounsaccord 2023–2028 ëmzesetzen, deen eng Stäerkung vun der ambulanter Versuergung an eng besser Notzung vun hirem Potenzial am Gesondheetssystem virgesäit.
D'Ëmsetzung vun dëser politescher Orientéierung gëtt progressiv gemaach. No enger éischter Phas, déi ënner anerem den Ausbau vun dezentraliséierte Spidolsstrukture fir bestëmmte liicht Agrëff virgesinn huet, markéiert de virgestallte Gesetzesentworf e weidere Schrëtt hin zu enger méi staarker Verankerung vun der ambulanter Versuergung am Gesondheetssystem.
D'Zil ass et, de gesetzleche Kader un déi aktuell Entwécklungen am Gesondheetswiesen unzepassen, déi ëmmer méi vun der ambulanter Versuergung gepräägt ginn.
E legale Kader fir ambulant Fleege- a Versuergungsstrukturen
Mam Gesetzesprojet gëtt den Uwendungsberäich vum Spidolsgesetz op ambulant Versuergungsstrukturen ausgedeent.
Dës Strukture falen net ënnert Spidolsariichtungen a kënne besonnesch vun Dokteschassociatiounen oder -gesellschaften bedriwwe ginn. Si wäerten ambulant Gesondheetsversuergung a verschiddene Beräicher ubidden, dorënner Dialyse, net-chirurgesch Dageshospitalisatioun, Onkologie souwéi bestëmmte liicht Agrëff an der Ophtalmologie, der Dermatologie, der parietaler a proktologescher Chirurgie an der Urologie.
"Mat dësem Gesetzesprojet wëlle mir d'Potenzial vun der ambulanter Versuergung an eisem Gesondheetssystem besser notzen. D'Zil ass kloer: d'Versuergung méi no bei d'Patiente bréngen, d'Prise en charge vun de Patiente beschleunegen, d'Effikassitéit vum System stäerken an d'Attraktivitéit vun de Gesondheetsberuffer erhéijen", betount d'Ministesch fir Gesondheet a Sozialversécherung Martine Deprez betount.
Qualitéit, Sécherheet a Kontinuitéit vun der Versuergung
Fir kënnen hir Aktivitéiten auszeüben, muss all ambulant Versuergungsstruktur am Virfeld iwwer eng Exploitatiounsautorisatioun vum zoustännege Minister verfügen. Dës gëtt op Basis vun engem Etablissementsprojet an engem Konformitéitsdossier ausgestallt.
Fir d'Kontinuitéit an d'Sécherheet vun der Versuergung ze garantéieren, muss all concernéiert Struktur ausserdeem eng Konventioun mat enger Spidolsariichtung ofschléissen. Dës Konventioun reegelt ënner anerem d'Orientéierung an den Transfert vu Patiente souwéi den Zougang zu de Ressourcë vun der Spidolsariichtung.
Déi ambulant Versuergungsstrukture ginn iwwerdeems an d'national Gesondheetskaart integréiert, fir eng global Iwwersiicht vun der Versuergungsoffer an eng optimal Notzung vun den disponibele Ressourcen um nationalen Niveau ze garantéieren.
Finanziell an organisatoresch Ënnerstëtzung
De Gesetzesprojet gesäit vir, datt ambulant Versuergungsstrukturen ënner bestëmmte Konditioune vun enger staatlecher Bedeelegung un den Investitiounskäschten oder de Loyerskäschte fir d'Infrastrukture profitéiere kënnen. D'Pauschalfinanzéierung gëtt och op dës nei Strukturen ausgedeent, fir hir Exploitatiounskäschten ze decken.
Weider Mesurë vum Gesetzesprojet
Nieft dem Ausbau vun der ambulanter Versuergung gesäit de Gesetzesprojet d'Aféierung vun neie Kompetenzreseaue vir, fir d'Prise en charge vu komplexe Krankheetsbiller ze verbesseren, déi eng multidisziplinär a koordinéiert Approche erfuerderen. Dëst betrëfft besonnesch Long COVID, Endometriose, myalgesch Enzephalomyelitis, d'Menopause souwéi Neuroentwécklungsstéierunge bei Kanner a Jonken.
De Gesetzesprojet präziséiert ausserdeem, datt all Spidolsariichtung iwwer déi néideg Kompetenzen am Beräich vun der Infektiologie souwéi der Preventioun a Kontroll vun Infektioune verfüge muss, notamment duerch d'Ernennung vun engem Infektiolog.
In fine soll de Gesetzesprojet de juristesche Kader vum lëtzebuergesche Gesondheetssystem moderniséieren an ergänzen, a gläichzäiteg en héijen Niveau u Qualitéit, Sécherheet an Accessibilitéit vun der Versuergung am Interessi vun de Patiente garantéieren.
Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet