Aktualiséiert den
Fäll vu Riedele huelen zou: d'Santé erënnert un d'Schutzmoossnamen
D'Fäll vu Riedelen huelen zurzäit an Europa an a verschiddene Regioune vun der Welt, besonnesch an Nord- a Südamerika, zou Mat Bléck op d'Vakanzenzäit, déi mat méi Reesen a Rassemblementer verbonnen ass an d'Iwwerdroung vun ustiechende Krankheete begënschtege kann, wëllt d'Santé d'Bevëlkerung un e puer einfach Schutzmoossnamen erënneren.
Eng héich ustiechend Krankheet
Riedele sinn eng héich ustiechend Krankheet. Si gi ganz einfach iwwer d'Loft iwwerdroen, besonnesch a geschlossenen a vill besichte Räim a Beräicher, wéi den ëffentlechen Transportmëttelen. Déi éischt Symptomer brénge meeschtens héije Féiwer, Middegkeet, Schnapp, Houscht a roud A mat sech, ier et zu engem Hautauschlag kënnt. D'Krankheet heelt an der Reegel ouni Folgeschied. Schwéier Komplikatiounen sinn allerdéngs och méiglech, besonnesch bei Puppelcher, schwangere Fraen a Persoune mat engem geschwächten Immunsystem. A seelene Fäll kann se souguer déidlech sinn.
D'Impfung bleift dee beschte Schutz
D'Vakanzenzäit, déi dacks mat méi Deplacementer verbonnen ass, erfuerdert besonnesch Opmierksamkeet. A ville Reesdestinatiounen ass de Virus den Ament am Ëmlaf. Eng Rees kann zu enger Infektioun féieren, déi no der Heemrees op den Entourage iwwergeet. Dofir gëtt dringend recommandéiert, virun all Rees den Impfstatus ze iwwerpréiwen.
D'Impfung bleift dee beschte Schutz géint Riedelen. Zu Lëtzebuerg gëtt d'Riedelen-Impfung fir déi ganz Bevëlkerung recommandéiert. Si gëtt normalerweis als Kombi-Impfung géint Riedelen, Mumps a Riselen (MMR) agesprëtzt. Si kann och a Kombinatioun mat der Waasserpouken-Impfung ugebuede ginn, besonnesch bei Puppelcher oder Persounen, déi nach ni Waasserpouken haten. Fir e vollstännege Schutz sinn zwou Impfdosen néideg.
Am Zweiwelsfall kann ee vum Hausdokter oder Kannerdokter den Impfpass iwwerpréiwe loossen, a wann néideg, d'Impfung nohuelen. Persounen, déi virun 1970 gebuer goufen, si meeschtens mat de Riedelen a Kontakt komm, deelweis och ouni Symptomer. Persounen, déi no 1970 gebuer goufen an net zwou Dosissen vun engem Impfstoff géint Riedelen kritt hunn, ginn besonnesch dozou opgefuerdert, hire Impfschutz ze vervollstännegen.
Wat maachen am Fall vu Symptomer no enger Rees?
Persounen, déi wärend oder no engem Openthalt am Ausland Féiwer zesumme mat engem Hautausschlag entwéckelen, gi gebieden, fir d'éischt hiren Dokter oder hir Doktesch telefonesch ze kontaktéieren, ier si an eng Praxis ginn, an op hir rezent Rees hinzeweisen. Bei Froe gëtt recommandéiert, sech un den Hausdokter oder d'Hausdoktesch ze wenden.
Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet