Noriichten
-
Bloe Mäerz: Fréierkennung vun Daarmkriibs – en einfache Geste, dee Liewe rette kann
Am Kader vum Bloe Mäerz, dem Mount vun der Sensibiliséierung fir Daarmkriibs, erënnert d'Gesondheetsdirektioun dorunner wéi wichteg d'Fréierkennung vun dëser Krankheet ass, déi zu den heefegste Kriibsaarten zu Lëtzebuerg zielt.
-
D'Noutdéngschter entlaaschten: déi richteg Verhalensreegelen am Wanter
Fir d'Urgencen an de Spideeler z'entlaaschten, déi am Wanter opgrond vu saisonalen Erkrankunge besonnesch ausgelaascht sinn, rifft d'Gesondheetsdirektioun d'Bevëlkerung op sech bei gesondheetleche Problemer un déi richteg Ulafstell ze wenden.
De Ministère op Facebook
D'Laangfristeg Follgen vun enger COVID-19-Infektioun kënnen oft onspezifesch Symptomer sinn, wéi z.Bsp. staark Middegkeet, Otemproblemer, Muskel- oder Gelenkpéng, Schlofproblemer oder kognitiv Schwieregkeeten. 🏥 Zu Lëtzebuerg hu mir schonn zënter 2021 ee koordinéierte Versuergungsreseau fir Long Covid opgebaut, an deem Spideeler, Rehabilitatiounszenteren a Spezialisten enk zesummeschaffen. Dat ass eng koordinéiert Kollaboratioun vun der Rehaklinik vum CHNP, dem @mondorf_domaine_thermal vu Mondorf, dem @chl_luxembourg an dem @rehazenterluxembourg. Bis haut si méi wéi 1600 Patient*innen an dësem multidisziplinäre Parcours integréiert a begleet ginn. 🔬 Gläichzäiteg gëtt zu Lëtzebuerg och an d‘Fuerschung iwwer déi laangfristeg Follge vun COVID investéiert. De lien tëscht der klinescher Versuergung an der Fuerschung ass enorm wichteg fir d’Krankheet besser verstoen an d’Behandlung weider ze verbesseren ze kënnen. 👉 Informéieren, sensibiliséieren – an de Betraffenen eng Stëmm ginn: Dat ass d’Zil vum Podcast „Vivre avec le COVID long“ vum CHNP. Lauschtert eran : https://ecare.rehaklinik.lu/fr/posts/vivre-avec-covid-long-de.
Aktualiséiert den