Dernière modification le
Ufro fir d'Weiderféierung vun der sozialer Sécherheet am Fall vun enger Detachement
E Bäibehale vun der Versécherung ënnert dem Regime vun der lëtzebuergescher Sozialversécherung no de Virgabe vum Artikel 16 vum Reglement CE 883/2004 ass Méiglech wann den Detachement vum Assuré méi ewéi 24 Méint dauert, oder wann en Detachement iwwert d’Dauer vu 24 Méint eraus verlängert gëtt, bis zu engem Maximum vu 5 Joer.
Falls Dir vun dëser Reegelung wëllt profitéieren, kennt Dir Är Demande beim Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet mat dem Formulaire hei drënner areechen.
En Detachement, den net méi ewéi 24 Méint dauert, fält ënnert d’Kompetenz vum Zenter fir Sozialversecherungen (Centre commun de la sécurité sociale).